Iwwersetzungen
|
- Assermentéiert Iwwersetzungen
Vun Däitsch, Spuenesch an Englesch op Franséisch
Als assermentéiert Iwwersetzerin virum Ieweschte Geriichtshaff vu Lëtzebuerg, ernannt vum Justizministerium, sinn ech autoriséiert fir juristesch, administrativ an offiziell Dokumenter (Akten, Zertifikaen, Diplomer, Kontrakter, asw.) fir juristesch an administrativ Zwecker (Geriichter, Administratiounen, Gemengen, Ambassaden, Konsulater, Universitéiten, asw.) ze iwwersetzen. Assermentéiert Iwwersetzunge musse mäi Stempel a meng Ënnerschrëft droen.
- Juristesch a wiertschaftlech Iwwersetzungen
Vun Däitsch, Spuenesch, Englesch a Lëtzebuergesch op Franséisch
Vu Franséisch, Däitsch, Spuenesch an Englesch op Lëtzebuergesch
|
Spezialisatiounen
|
- Juristesch Iwwersetzungen
Zivilrecht, Handelsrecht, Firmerecht, Konkurrenzrecht, Strofrecht, Aarbechtsrecht, Familljerecht, europäescht Recht, internationalt Recht, Arbitrage, Mediatioun...
Mënscherechter, humanitärt Recht, Entwécklung a Kooperatioun, international Organisatiounen...
Kontrakter, Konventiounen, Geriichtsuerteeler, Statuten, Prokuratiounen, juristesch Expertisen, Bréiwer vun Affekoten, Attestatiounen, Akten, Reglementer, notariell Dokumenter, Testamenter, Protokollen, allgemeng Konditiounen...
- Wiertschaftlech Iwwersetzungen
Geschäftskorrespondenz, Pressecommuniquéën, Broschüren, Rapporten, Presentatiounen, Internetsäiten, Zeitungsartikel, Reklammen, Liewensleef, Diplomer...
- Tourismus a Reesen
Reiseführer, Reesliteratur, Broschüren, Zäitschrëftenartikel, Hoteldokumentatioun, Informatioun vu Fluggesellschaften, Internetsäiten, Restaurantskaarten...
- Aner Beräicher
Marketing - Maartanalysen - Ëmfroen - Questionnairen
Kosmetik - Schéinheetsprodukter - Wellness
Ernährung - Iesswueren
Bildung - Formatioun
Genealogie - Familljefuerschung
Literatur - Kannerbicher
...
|